logo

Home

WËLLKOMM OP DER HOMEPAGE VUM CYCLE 2

Moien,

Mir probéieren op dëser Sait, iech ee klengen Iwerbléck ze ginn, waat mir mat Hëllef von onsem  Léierpersonal, daat ganzt Joër iwer sou kniwelen a schaffen ;).

Vill Spaas beim kucken

Mir fueren an d'Colonie- Bitburg 24.6- 26.6.

Puuuuh, mir hunn vill geschafft dësst Joër.

An mir därfen ons och dofir zum Schluss vum cycle 2 belounen. Mir, déi 3 Klassen vum cycle 2.2 fueren, op  Bitburg an d' Colonie, ënnert dem Motto "Zesummen geet alles besser" ;).

Ënnert der Begleedung vun der Joffer Marianne, Joffer Mariette an der Joffer NouNou, begleed vun der Joffer Christine, der Joffer Tordy, der Madame Lea Stein, an dem Här Gilles Petry geet et Mëttwochs, den 24.6 kurz no 8 Auer lass Richtung Bitburg, wou se ons schon sehnlechst erwaarden.

No 3 spannenden Deeg, kommen mir dann Freides, den 26.6 géint 16:30 rem zu Ruedt unn, wou dann ons Mammen a Pappen no 3 erhuelsamen Deeg, hier Kanner rem mat oppenen Ärm emfänken ;).

Hei kënnt dir schon ee Bléck op d' Jugendherberg werfen: http://www.youtel.de/ 

Bis geschwënn

Team Cycle 2.2.

Beweegungs- an Ernährungswoch

Mir starten onsen Daag dëss Woch mat ee bëssen Beweegung. Mir tanken Sauerstoff, leen ons Middegkeet of, an dann sinn mer fit fir ze schaffen.

An der Paus passen mer op, dass mer ons gut ernähren, fir genuch Energie ze tanken, fir de Rescht vum Daag fit ze sinn.

Méi zum Thema fannt Dir ënnert dem Thema "Aktivitéiten"

Projet "Der kleine Drache Kokosnuss"

Mir starten an de Schluss vun onsem Schouljoer a Begleedung vum "Kleiner Drache Kokosnuss".

Zesummem mat him, wärten mir ee puer Abenteuer erliewen. Waat mer alles erliewen mat him, fann der ënnert der Rubrik

"Projeten"

Onse Schoulgaart

Mir hunn zesummen mam Grupp an der Moral een Deel vum Schoulgaar amenagéiert.

Mir hunn am Cour vill doriwer geschwaat, wou onst Iessen hier kënnt. Dofir haate mir d'Idee selwer eppes unzeplanzen.

Foto'en zum Projet, fannt dir wéi gewinnt ënnert der Rubrik "Projeten"

©2018 Cycle 2 - Schoul Rued-Syr • Terms of usePrivacy policyContact
Diese Webseite wurde mit dem oli.lu School Web Manager erstellt.
Möchtest du deine eigene kostenlose Schulwebseite erstellen? Fang jetzt an!
Onst 3. Trimester huet ugefangen
spacer
Mila
spacer